У вашего броузера проблема в совместимости с HTML5
D'Kees op an d'Klacken eraus!
Fondation Thierry van Werveke
Gesongen fum Gérard Bintener & Claudine Muno.
Komm dach matt mir mäin Meedchen
Et hält eis näischt méi hei
Do ennen an der rouder Erd läit eist Gleck
An eist neit Liewen
Ech bauen dir do en léift klengt Haus
Op guddem roude Buedem
O bleiw dach hei eist Meedchen
Hal déngem Buedem d'Trei
Do ennen an der neier Welt
Bas de friem wärs de verdierwen
Los hien dach goen, hien bréngt keen Gléck
Matt séngem roude Buedem
O Papp, léif Mamm ech fäerten
ech muss ierch wéih haut doen
Ech loossen ierch är Häip är Heed
D'Genzenhäng de Besch an d'Koppen
Hien ass mäin Liewen an daat schléit
Scho muer a roudem Buedem
Do ass hatt matt him gaangen
Fir do hiert Gléck ze maan
Matt breedem Réck an staarker Fauscht
Fiert hien mueres an den Bierg
An d'Meedchen waart all Daag op d'Gléck
Aus desem roudem Buedem
An enges Daags am Summer
Huet een un d'Luet geklappt
Verschmiert d'Gesiicht, den Otem kuerz
D'huet hien haut erwescht op Walert
Komm mat e läit, verschott nach déif
Ennert dem roude Buedem
Se laafen zou op Walert
Se bréngen en aus dem Bierg
Am Duerf laut d'Klack, doot d'Kaapen oof
D'Meedchen steht matt blannen Aaen
An muer begruewen se säin Gleck
An déiwem roude Buedem